4 Diddelenger um Iechternacher Open

Dëse Weekend war den traditionellen Iechternacher Open iwwer 2 Deeg. Diddeleng war mat 4 Spiller vertrueden, déi sech am gudde Mëttelfeld klasséiert hunn :

87. Metzdorf Matteo (5.5)

124. Klauner Théid   (5)

160. Birtz Claude  (4.5)

210. Reding Sevda (4)

Den Théid hat ënner anerem d’Éier fir an der 2ter Ronn géint de GM Ulf Andersson ze spillen, deen zum Schluss de 14. gouf.

D’Turnéier gouf gewonne vum Petro Golubka mat 8 Punkte virum Matthew Turner a Morawietz Dieter mat jeeweils 7,5 Punkten.

Tags :
Share This :