5 Diddelenger op der Schacholympiad
5 vun eise Memberen hu Lëtzebuerg déi lescht zwou Wochen ob der Schacholympiad zu Budapest vertrueden.
De Fred an d’Elvira hunn als routinéiert Membere vun der Nationalequipe an der Kategorie Open matgespillt. D’Anna an d’Nadine hunn no e puer Jore Paus hire Comeback an der Fraenequipe gemaach. Den Olivier huet déi lëtzebuergesch Delegatioun als Head of Delegation begleet.
Béid FLDE-Equippe klasséieren sech um Enn an der éischter Hallschent vun der Tabell an hunn iwwer 100 Equippen hannert sech gelooss.
Open
5 Victoiren, 2 Gläichspiller, 4 Defaiten
Plaz 81/188
IM Fred Berend (6,5/9)
WGM Elvira Berend (6/9)
Fraen
6 Victoiren, 5 Defaiten
Plaz 64/169
WGM Anna Wagener (6,5/10)
Nadine Kremer (3,5/8)
Tags :
Share This :