CED news Juin - Juillet 2023

Salut alleguer, Di grouss Vakanz an domat d’Spillpaus bis an de September réckelt ëmmer méi no. Bis dohinner hunn mer nach 3 grouss Turnéier zu Mondorf, Iechternach an Dikrech virun eis sou wéi eisen internen Schachsummer Méindes Owes am Klublokal:

CED intern

Jugendtraining / entraînement jeunes

Training vun 10h00 bis 11h30 mam Fred Berend, Nicolas Kremer an Théid Klauner sinn am Juni an Juli op folgende Datumen:

  • 18/06/2023
  • 25/06/2023
  • 02/07/2023
  • 09/07/2023

An dono ass Paus bis d’Rentrée

Jugend an Erwuessenentraining / entraînement jeunes et adultes

Zënter dem 25 Mee treffe mer eis all Donneschdeg vun 16h00 – 17h30 (Kanner) an 16h00- 18h00 (Erwuessener). Falls der nach keng Zäit hat laanscht ze kommen, profitéiert vun der Geleeënheet:

  • 15/06/2023
  • 22/06/2023
  • 29/06/2023
  • 06/07/2023
  • 13/07/2023
  • 20/07/2023
  • 27/07/2023

Homepage

Besicht eis aktualiséiert Homepage déi vum Nadine Kremer an Yves Jadin à jour gehalen gëtt ënner https://www.ced.lu/ All Suggestiounen sinn wëllkomm! 

Schachsummer

Di nächst Datumer fir eise Schachsummer sinn

  • 19/06/2023
  • 26/06/2023
  • 03/07/2023
  • 10/07/2023
  • 17/07/2023

Weider Détailer fir eisen Schachsummer fannt der op der Homepage

Dat éischt Turnéier gouf vum Fred Berend virum Alain Schartz an dem Hubert Mossong gewonnen. 

Spillerversammlung

Den 6 Juli organiséieren mer eng Spillerversammlung um 19h00 am Klublokal . Den Umeldungs Formulaire an de Kalenner fir di nächst Saison kritt der an den nächsten Deeg gemailt. Mär soen am Viraus Merci fir äeren Asaz.

FLDE Open Jeunes FLDE (Mondorf) 

Sonndes den 18 Juni ab 9h30, all Détailer op https://www.flde.lu/open-de-luxembourg/edition2023/ 

Individuel Championnater am Blitz an Rapid Chess

Blitz gëtt Samschdes den 8 Juli ab 14h00, Rapid Sonndes den 9 Juli ab 10h00. 

All Détailer op der Homepage vun Diekrech: Blitz an Rapid chess 

Opgepasst: 6 respektiv 7 Juli sinn di lescht Délaien fir d’Aschreiwung. Där musst är Participatioun spéitstens 15 Minutten virum Ufank vum Turnéier beim Organisateur confirméieren.

Kalenner fir Juni an Juli 

  • Dimanche 18.06.2023 Open Jeunes Mondorf Tournoi FLDE
  • Samedi 24/06/2023 / Dimanche 25/06/2023 Open Echternach Tournoi Luxembourg
  • Samedi 08/07/2023 Blitz individuell Diekirch Tournoi FLDE 
  • Dimanche 09/07/2023 Mémorial Jos Jacob Rapid Chess individuell Tournoi FLDE .
Tags :
Share This :