Déi lescht 2 Weekender hu mir mat 3 Equippen an der Coupe matgespillt.
Coupe de Luxembourg
DUD a konnt sech an der éischter Ronn net géint DIF a duerchsetzen.
DUD b hat e Fräilous, a war domat automatesch en Tour weider. Am zweeten Tour missten och si sech Déifferdeng geschloe ginn. Si hunn zwar 8-8 gläich gespillt, mee duerch déi zweet Wäertung ass Déifferdeng en Tour weider.
Coupe de la fédération
DUD a huet am éischten Tour mat 7-9 géint BON a gewonnen. An der Véirelsfinall huet awer och hiren Endgeigner DIF b geheescht, deem si sech 11-5 misste geschloe ginn.
Bei der Fraen Europameeschterschaft zu Rhodos gëtt hat dat 89t.
Et war d’Turnéier vun de Remis’en : vun 10 Partien mëscht hat 8x Remis, dovun mam Socko an Khotenashvili géint zwee GM.
Des tournois blitz (cadence : 3 minutes + 2 secondes/coup/joueur) seront joués aux dates suivantes :
29/04, 06/05 et 13/05 03/06, 10/06, 17/06 et 24/06
Salle de jeu : Ecole AM BRILL; 100, rue Norbert Metz; L-3524 Dudelange (https://www.ced.lu/local-de-jeu/ )
Présence et inscription à partir de 19:45 obligatoire.
1ère ronde à 20:00 heures. Tournoi système suisse ou complet (« Rutschsystem ») selon nombre de joueurs
Inscriptions à partir de 19:45 sur place. Frais d’inscription de € 10 (5 € U18) sont à payer sur place.
Prix selon le nombre de participants. 1e place 50%, 2e place 30% 3e place 20% .
Aktuell spillt d’Elvira zu Rhodos op der 24ter Fraen Europameeschterschaft mat. No 4 vun 10 Ronnen huet hat 2,5 Punkten. Bis elo ervir ze hiewe sinn 2 Remis géint zwou staark Groussmeeschterinnen.
Seng Resultater fannt dir op Chess-Results an eng Live Iwwerdroung mat Kommentarer ass op Chessbase ze fannen.
Haut hunn mir den 10 a leschte Spilldag vum Championnat gespillt. Et war deelweis knapp ginn am Laf vun der Saison, mee all eis Equippe konnten sech an hirer jeeweileger Divisioun halen.
Hei d’Resultater vum Dag:
BON II – DUD I: 15 -17
DUD II – DIF III: 14 – 18
SCH VI – DUD III: 7 – 9
BET II – DUD IV: 8 – 8
Mir haten vill Spaass dëse Championnat a freeën eis schon wann et no enger wuelverdéngter Paus am September erëm lass geet.
Ganz am Sënn vum internationale Fraendag huet eis éischt Equipe haut mat 4 Frae gespillt a mat 17-15 géint Scheffleng gewonnen. Och eis aner Equippe konnten hire Match fir sech entscheeden :
DUD II – DOB II : 19 – 13 DUD III – DIF IX : 10 – 6 DUD IV – NOR III : 10 – 5
DUD I, II an III stinn domat virun der Schlussronn op der éischter Plaz vun hirer jeeweileger Poule.
Op dësem 8. Spilldag gouf et bei eisen éischten zwou Equippen vill Hin an Hir. Um Enn hunn si sech allen zwou e Remis erkämpft. Eis drëtt Equipe konnt hire Match gewannen, wärend déi 4. hirem Géigner liicht ënnerleeë war.
DUD I – DIF II : 16 – 16
LAT I – DUD II : 16 – 16
STR III – DUD III : 5 – 11
JUN III – DUD IV : 10 – 6
Dës Woch hu 4 vun eise Jugendspiller bei der Jugendlandesmeeschterschaft zu Déifferdeng matgespillt. Si hunn sech gutt geschloen an hunn un Turneiererfarung gewonnen. Hei den Endstand no 7 Ronnen:
U8: Stas Ceprika Yves (4 Punkten)
U14: Rasquin Pierre (3 ½ Punkten) a Funck Rafael (3 Punkten)
U18: Reding Sevda (3 ½ Punkten)
Méi detailléiert Resultater fannt dir um Site vum Déifferdenger Schachveräin.
An der 7. Ronn konnten all eis Equipen sech beweisen an hunn duechgehend gutt Leeschtungen bruecht. D’Resultat dovun ass 4-0 fir den CED:
Grad fir DUD II war dës Victoire am Kampf géint den Ofstig extrem wichteg!