Dem Elvira säin leschte Streech fir 2023

E lescht Ausruffzeeche fir 2023 setzt dëst Joer d’Elvira.
Hat huet vum 26 – 30 Dezember bei der Blëtz Weltmeeschterschaft am Usbekistan matgespillt an sech super präsentéiert.

Direkt den éischten Dag huet hat géint e puer Spillerinnen aus der Weltspëtzt gewonnen an sech gutt fir d’Turnéier placéiert. 

Zum Schluss gëtt hat dat exzellent 38. mat 9,5/17 Punkten a schléisst 2023 domat mat enger super Leeschtung of. 

Mir si gespaant wat 2024 fir d’Elvira bréngt.

Tags :
Share This :