Den CED plennert!

Zanter Ufank vun de Nonzeger Joren ass den Diddelenger Schachclub elo am Hild. Uewen um 1. Stack ass de Club, de Championnat gëtt meeschtens ënnen am grousse Sall gespillt. Ma domat ass elo geschwënn Schluss.

Aktuell leeft eng grouss Plënneraktioun, Këschte gi gepak, Material a Pokaler aussortéiert. Mat Hëllef vun der Gemeng Diddeleng (Merci dofir!), plënnere mir d’nächst Woch an en neie Sall an der Brillschoul.

Och wa mir traureg sinn eist charmant Lokal mat der quiitscheger Trap zeréck ze loossen, esou huet de neie Sall eng sëllege Virdeeler :

– en ass fir jiddereen accessibel an domat behënnertegerecht

– en ass méi hell a modern

– en ass grouss genuch, dass mir och de Championnat do kenne Spill (eis Récker soe Merci, dass mir d’Material net méi dauernd mussen hin an hir droen ;)).

Den 9. November organiséiere mir fir den 1. Training eng Porte ouverte, wou dir eise neie Sall kënnt inspizéieren an dobäi eng Partie spillen. Rdv ass vun 16 – 19h30.

Fir all déi, déi net komme kennen: bléift gespaant, geschwë komme Fotoen!

P.s. Heimat och nach eng Kéier e Rappell un eis Spiller, dass wéinst der Plënneraktioun de Schachtraining Donneschdes den 2.11. a Sonndes den 5.11. ausfält.

P.s.s. An en zweete Rappell un d’Federatioun an d’Veräiner, dass mir en neie Spillsall hunn an ab dem 12. November. fir déi 3. Ronn am Brill gespillt gëtt.

Tags :
Share This :