Eise President ass Vize-Olympiagewenner am Fernschach

Am Abrëll hat déi Lëtzebuergesch Nationalequipe am Fernschach d’Selwermedaille op der 21. Fernschacholympiade gewonnen.

Elo waren 3 vun de 6 Memberen op de Kongress zu Amsterdam fir hir Medaille an Empfang ze huelen. Dorënner och eise President den Théid Klauner.

Gléckwonsch!

——-

D’Placéierung vun der Equipe em de Jean-Marie Weber, Nico Daubenfeld, Fränk Obertin, Jean-Claude Schuller, Théid Klauner a Marc Mertens war eng grouss grouss Iwwerraschung, well een hannert dem Gewënner Däitschland d’USA op déi 3t Plaz verweise konnt.

D’Virronn vun der Olympiad gouf 2016 gespillt, d’Final, déi 2020 ugefaangen huet, huet 3 Joer gedauert, well all Spiller 5 Deeg pro Zuch huet. D’Ausdauer vun eise Spiller huet sech awer wuel gelount.