Plennermissioun accomplie

Et waren e puer laang Stonnen, mee eis Memberen hu gutt geschafft a kenne stolz behaapten : mission accomplie.

Eist ganzt Material ass geplënnert, elo geet et nach drëm sech am neie Sall anzeriichten an heemesch ze maachen. Hei e puer éischt Fotoen.

En eegenen Androck kennt dir iech dann den Donneschden, 9. November ab 16h op eiser Porte ouverte maachen.

Wéi fannt dir de neie Sall?
D’Lokal ass an der Briller Schoul, d’Adress ass 100, Rue Norbert Metz, Diddeleng.

D’Entrée befënnt sech op der lénker Säit vum Gebai. Gitt dem Scheld “Accès école sous-sol” no, an dann dem Wee Richtung “Cours informatique”.

Gitt dann d’Trapen erof a no riets (geschwenn gëtt eng Entrée mat Ramp fir an d’Gebai eran gebaut). De Spillraum ass de leschte Raum op der lenker Säit.

Tags :
Share This :