Porte ouverte an eisem neie Sall

Den Donneschden 9.11. um 16:00 Auer war et esou wäit: Mat der Porte ouverte an eisem neie Spilllokal am Brill hu mir en neit Kapitel an eisem Schachveräin opgeschloen.

Mir soe jidderengem Merci, deen sech Zäit geholl huet fir dat neit Spilllokal kucken ze kommen an e Patt mat eis ze drénke respektiv déi eng oder aner Partie Schach ze spillen.

Mir wëllen op dëser Plaz rappelléieren, dass eise Clubtraining ëmmer Donneschdes Mëttes vu 16:00 – 18:30 Auer am Brill ass an datt ab der 3. Ronn och d’Championnatsmatcher do gespillt gi. Ab dem Sonnden 13.11 ass de Jugendtraining Sonndes vun 10:00 – 11:30 och am Brill.

Tags :
Share This :