4 Diddelenger bei der Jugendlandesmeeschterschaft

4 Diddelenger bei der Jugendlandesmeeschterschaft Dës Woch hu 4 vun eise Jugendspiller bei der Jugendlandesmeeschterschaft zu Déifferdeng matgespillt. Si hunn sech gutt geschloen an hunn un Turneiererfarung gewonnen. Hei den Endstand no 7 Ronnen: U8: Stas Ceprika Yves (4 Punkten)U14: Rasquin Pierre (3 ½ Punkten) a Funck Rafael (3 Punkten)U18: Reding Sevda (3 ½ Punkten) Méi detailléiert Resultater fannt dir um Site vum Déifferdenger Schachveräin. […]

D’Manon op der Jugendeuropameeschterschaft

D’Manon op der Jugendeuropameeschterschaft No der Jugendolympiad am August war d’Manon elo op der Jugendeuropameeschterschaft  zu Mamai a Rumänien. Hat war op 1 gesat a gouf lang senger Favoriteroll gerecht. Duerch eng ganz onglecklech Nidderlaag an der zweetleschter Ronn géint d’N. Abdinova huet d’Manon et awer verpasst eng Medaille fir Frankreich ze gewannen. Trotzdeem as hat op […]

D’Sevda an d’Manon op der Jugendolympiad

D’Sevda an d’Manon op der Jugendolympiade Eis 2 Jugendspillerinnen, Sevda Reding a Manon Schippke hunn  op der  FIDE World Youth U16 Chess Olympiad 2023 deelgeholl. D’Sevda ass fir Lëtzebuerg ugetrueden. Mat 3,5 Punkten an enger Performance déi 200 Punkten iwwer senger eegener Elo läit, huet hat sech extrem gutt geschloe bei dëser éischter internationaler Erfarung. D’Manon, […]

Diddelenger Jugendspiller um Tournoi International OPEN Mondorf-les-Bains 2023

4 vun eise Jugendspiller hunn zu Mondorf beim Jugendopen matgespillt. U14 U16 U18 Rang Teilnehmer TWZ V Punkte PktSu MiBuch 16. Reding, Sevda 1497 3 5.5 28.0 31.0 41. Funck, Rafael 1200 5 3.5 13.5 21.0 42. Moravcik, Peter J 1200 5 3.5 12.5 21.5 44. Simon, Bob 1200 6 3.0 14.0 24.5 Gudd Leeschtung, maacht weider esou !

CED beim Last Saturday zu Scheffleng

E puer vun eise Spiller hat et de Weekend op Scheffleng verschloen fir de läschten Last Saturday urneier. An der Kategorie U8-U12 hunn de Bob an de Jason 3 respektiv 2,5Punkten gemaach. Resultater U8-U12 An der Kategorie U14-U20 koum eng ganz gudd 2. Platz fir d’Sevda mat 5,5 Punkten eraus. Och de Rafael an de […]