Resultater Championnat 6. Ronn

Resultater Championnat Ronn 6 Hei nach d’Resultater vun eisen Equipen an der 6. Ronn vum Championnat dëse Sonnden :DUD I – DIF I : 13 – 19DUD II – LAT I : 19 – 13DOB IV – DUD III : 7 – 9WAS III – DUD IV : 9 – 7 Tags : Share This :

D’Manon behapt sech géint d’Weltspëtzt

D’Manon behapt sech géint d’Weltspëtzt D’Manon Schippke huet zu Monaco op der Dammeblëtz Europameeschterschaft seng ganz Stäerkt ausgespillt. Mat 4,5/5 Punkten hat hat e fulminante Start an huet d‘Weltspëtzt fäerte gedoen.  Um Enn kënnt hat mat 8 Punkten aus 13 Ronnen op déi excellente 16. Platz. Säin Palmarès: géint 4 GM an 1 WGM gewonnen, dovun […]

Dem Elvira säin leschte Streech fir 2023

Dem Elvira säin leschte Streech fir 2023 E lescht Ausruffzeeche fir 2023 setzt dëst Joer d’Elvira.Hat huet vum 26 – 30 Dezember bei der Blëtz Weltmeeschterschaft am Usbekistan matgespillt an sech super präsentéiert. Direkt den éischten Dag huet hat géint e puer Spillerinnen aus der Weltspëtzt gewonnen an sech gutt fir d’Turnéier placéiert.  Zum Schluss […]

9. Plaz um Jugendchampionnat

Déi 9. Plaz um Jugendchampionnat De Weekend huet eng Equipe beim Jugendchampionnat an der 2. Divisioun matgespillt. Mat 2 Victoiren, 2 Remis an enger Nidderlag hunn sech d’Sevda, den Tomas, de Rafael, den Cédric, den Deyan an de Nicolas staark presentéiert. Am Endklassement sinn si déi 9. vun 20 ginn. Bravo! Resultater : 1. Ronn Diddeleng […]

Championnat Ronn 3-5

Championnat Ronn 3 – 5 An de leschte 5 Wochen hunn mir direkt 3 Championnats Ronnen gespillt. Hei d’Resultater vun eisen Equipen: Ronn 3 (12.11.2023) DUD I – BON II : 17 – 14DUD II – NOR I : 12 – 19SCH V – DUD III : 9 – 7 SCH VI – DUD IV […]

Top10 fir d’Manon op der WM

Top10 fir d’Manon op der U16 WM Eis Diddelenger Spillerinne bréngen eng gutt Leeschtung no der anerer.No sengem Top Resultat op der Europameeschterschaft huet d’Manon och op der U16 WM zu Montesilvano an Italien geglänzt. No 11 Ronne gëtt hat dat 7t mat 7,5 Punkten (nëmmen en hallwen Punkt hannert de Medailen.)Weider esou! Endresultat no […]

Porte ouverte vum neie Sall den 9.11

Porte ouverte an eisem neie Sall Den Donneschden 9.11. um 16:00 Auer war et esou wäit: Mat der Porte ouverte an eisem neie Spilllokal am Brill hu mir en neit Kapitel an eisem Schachveräin opgeschloen. Mir soe jidderengem Merci, deen sech Zäit geholl huet fir dat neit Spilllokal kucken ze kommen an e Patt mat eis ze drénke […]

Plennermissioun accomplie

Plennermissioun accomplie Et waren e puer laang Stonnen, mee eis Memberen hu gutt geschafft a kenne stolz behaapten : mission accomplie. Eist ganzt Material ass geplënnert, elo geet et nach drëm sech am neie Sall anzeriichten an heemesch ze maachen. Hei e puer éischt Fotoen. En eegenen Androck kennt dir iech dann den Donneschden, 9. […]

Entdeckt de neien CED Logo

Entdeckt eise neien Logo Den CED mëscht Tabula rasa a schaaft sech eng ganz nei Identitéit. Nieft dem neie Schachlokal, dat mir iech an dëser News virstellen, gëtt et nach méi: Mir hunn och en neie Logo. Dëse gouf vun enger professioneller Grafikerin designt an eis Memberen hu fir hire Favorit gestëmmt.  Mir hoffen, dass en […]

Den CED plennert!

Den CED plennert! Zanter Ufank vun de Nonzeger Joren ass den Diddelenger Schachclub elo am Hild. Uewen um 1. Stack ass de Club, de Championnat gëtt meeschtens ënnen am grousse Sall gespillt. Ma domat ass elo geschwënn Schluss. Aktuell leeft eng grouss Plënneraktioun, Këschte gi gepak, Material a Pokaler aussortéiert. Mat Hëllef vun der Gemeng […]